Merci der Schweecherdauler Musik an der Pompjeesmusik Rammerich fir d'Nominatioun.
VoicEmotion huet an der Dammeprouf een Dännebeemche gesat. Fir dass och eis Männer vum Glanz vun eiser Aarbecht konnte profitéieren, ass de Beemche no de Feierdeeg weidergeplanzt gin!
VoicEmotion war live derbäi, um Concert vum Bonner Jazzchor mat Vocal Line an der Kölner Philharmonie ! Mat iwer 2000 Leit an der Philharmonie haate mir d'Chance fir dierfen e puer Lidder mat ze sangen !

De Päischtweekend 2025 hu mir zu Middelburg an Holland um Chouerfestival VÓLkoren verbruecht. Mir haaten zwee Optrëtter a mir hun eis iwer all Supporter aus dem In- an Ausland gefreet !

VoicEmotion séngt "Auf das, was da noch kommt" fir all déi, déi an dësen Zäiten e Liichtbléck brauchen. Verléiert d'Hoffnung net a bleiwt optimistesch, dofir sange mir:
"Auf das, was da noch kommt" vum Max Giesinger & Lotte, arrangéiert, fir VoicEmotion, vum Oliver Gies.
Well Der dëst Joer net op e Chrëschtconcert vun eis konnt kommen, komme mir bei Iech! Eis lescht Prouf, wou mer all zesumme gesongen hunn, war am Mäerz, mee doheem hu mir weider geübt. Mir freeën eis, de "Christmas Lullaby" vum John Rutter mat Iech ze deelen a mir hoffen, dass et Iech genee sou vill Spaass mëscht fir ze lauschteren, wéi eis fir et opzehuelen! Mir wënschen Iech schéi Chrëschtdeeg a bleift gesond
Mir hun eis getraut an fir eng 1.Keier als virtuelle Chouer zesummen gesongen! Mir hoffen iech sou e puer Minuten Freed ze schenken Eise Beitrag as och am Virtual Choir vu Vocal Line ze fannen zesumme mat 1000 anere Sängerinnen a Sänger!
VoicEmotion sengt Samschdeg, den 9. Dezember e Chrëschtconcert am Centre Hospitalier du Nord zu Woltz.
Um Programm sti Chrëschtlidder vun all Genre, och deeër fir matzesangen.
Wann Der wëllt e flotte Moment a Chrëschtambiance mat eis verbrengen, Rendez-Vous as den 9. Dezember um 16h um zweete Stack an der Rééducation Gériatrique an der Klinik zu Woltz.
